LOD.lu APP
Le Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD, https://lod.lu, www.lod.lu) est un outil officiel destiné à documenter la langue luxembourgeoise. Ses origines remontent au 29 juillet 1999 et au Règlement grand-ducal portant création du Conseil permanent de la langue luxembourgeoise.
La LOD est considérée comme une référence orthographique véhiculant le sens des expressions luxembourgeoises courantes au moyen d'éléments de traduction dans quatre langues différentes : allemand, français, anglais et portugais. Le LOD peut également être utilisé comme outil d'aide à la rédaction ou de traduction.
Outre les traductions, les informations suivantes peuvent être trouvées dans le LOD : exemples de phrases, proverbes et figures de style avec une explication, synonymes, informations sur la prononciation (fichier audio et transcription IPA), vidéos en langue des signes.
Les soi-disant boîtes d'information contiennent des informations orthographiques, grammaticales ou historiques qui n'auraient pas leur place dans le cadre plus rigide des entrées du dictionnaire.
Une recherche tolérante aux erreurs permet à l'utilisateur de rechercher du contenu dans les cinq langues LOD de manière simple et intuitive. Une recherche avancée permet également de consulter des listes d'expressions luxembourgeoises en respectant certains critères (caractère joker, partie du discours, phonétique, registre de langue, ...)
De plus, les expressions sont subdivisées en catégories : descriptions de poste, animaux, insultes, véhicules, fruits et légumes, ...
Le Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch – Centre pour la langue luxembourgeoise (http://zls.lu) a été créé avec la loi du 20 juillet 2018 relative à la promotion de la langue luxembourgeoise et est en charge du maintien et du développement de la LOD .
__________________________________________
Den LOD fir ënnerwee – déi offiziell App vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire
D'Originne vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD, https://lod.lu, www.lod.lu), engem ofziellen Tool fir d'Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch, ginn zeréck op de Règlement grand-ducal vum 29. Juli 1999 portant création du Conseil permanent de la langue luxembourgeoise.
Den LOD gëllt als orthografesch Referenz a vermëttelt de Sënn vun de gängege lëtzebuergesche Wierder unhand vun eendeitegen Iwwersetzungselementer a véier Sproochen: Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch.
Den Dictionnaire kann awer och als Schreif- an/oder als Iwwersetzungshëllef gebraucht ginn.
Niewent den Iwwersetzunge stinn ënner anerem och nach dës Informatiounen am LOD : Beispillssätz, Spréchwierder a Riedewendunge mat enger Erklärung, Synonymmen, Informatiounen iwwer d'Aussprooch (Audio-Datei an IPA-Transkriptioun), Gebäerdevideoen.
A sougenannten Infoboxe sti wichteg orthografesch, grammatesch oder historesch Informatiounen, déi net an de rigide Kader vun den Dictionnaires-Artikele passen.
Iwwer eng feelertolerant Sich ka ganz einfach an intuitiv an de fënnef LOD-Sproochen no Inhalter gesicht ginn. Eng erweidert Sich erlaabt et awer och, fir sech Lëschte mat lëtzebuergesche Wierder uweisen ze loossen, déi verschiddene Krittären (Jokerzeechen, Wuertaart, Phoneetik, Sproochregëster, ...) entspriechen.
Ausserdeem sinn d'Wierder a Kategorien ënnerdeelt : Beruffsbezeechnungen, Déieren, Frechheeten, Gefierer, Uebst & Geméis, ...
Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (http://zls.lu), deen duerch d'Gesetz vum 20. Juli 2018 iwwer d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch geschafe gouf, këmmert sech ëm d'Maintenance an ëm d'Entwécklung vum LD.